Siggi, mäi Frënd!

                  (E Noruff mat e puer ganz perséinlechen Erënnerungen)

 

 E Joer ass et elo hier säitdeems du vun eis gaange bass. Ech erënneren mech nach wéi wann et gëschter wier un dee Moment, wou ech an d’Prouf komm sinn an do d’Kolleege mir gesot hunn:  “De Siggi as gestuerwen!” Ech konnt et net gleewen a mir och net virstellen, wéi et ass wann s du net méi do bass.

 An der Zwëschenzäit si vill Saache geschitt, déi een sech virun engem Joer net konnt virstellen. Duerch de Covid muss och ech op Villes verzichten a vermësse vill flott Gewunnechten,wéi Sangen, Gesellegkeet mat Frënn, Reesen, asw. Am meeschten awer vermëssen ech dech, deng gutt Laun, däi Laachen, deng Frëndschaft. 


 Du waars anere Leit e léiwe Familljemember, en engagéierten Aarbechtskolleeg, e gudde Gesangskolleeg, asw. Fir mech waars du einfach: mäi beschte Frënd, mat deem ech iwwert alles konnt schwätzen, deem ech meng Suergen a Problemer konnt uvertrauen, deen zou mir stung, dee mech och gebremst huet wann ech mech z.B. nees eng Kéier stiermesch verléift hat: “Chill, mäi Frënd! Chill! Looss et lues ugoen! Ech kennen dech an däin impulsive Charakter!” Dech konnt ech ëmmer uruffen wann ech eng schlecht Phase hat. Neen, du hues dech geiergert wann ech et net gemaach hunn. 

 Bal no all Prouf souze mir am Café zesummen an hunn iwwer Gott an d‘Welt geschwat a gelästert, oft bis de Wiert eis erausgekiert huet. Dobäi waren awer meeschtens déi flott weltlech Saachen wéi Musik, Fussball, Iessen an Drénken, Meedercher an aner Weltproblemer, eis Gespréichsthemen.

 Am Gesang konnts du dech, genau wéi ech, net esou ganz fir de Choral begeeschteren a mir hunn oft an der letzter Rei lues geflucht, wann de Raym eis nees mat Noumen an anert Gedéiesch gequäält huet. An awer stungs du da Sonndes mat Zäit um Ducksall fir mat vollem Asaz ze hëllefen, d’Mass ze verschéineren an hues mech frëndschaftlech “vernannt” well ech express 5 Minutten ze spéit koum an de Choral da schonns gesong war.

 Wärend der Priedegt konnt ech dech da wéinst Schalke 04 hänselen, besonnesch no Mätscher géint meng Bayern. Dat hues du mat vill Humor a Laachen erdroen. Oje, wat misst du eréischt des Saison leiden!

 An den Aperitif no der Sonndesmass huet derzou gehéiert ewéi dem Paschtouer säi  Schlussseegen!

 Iessen an Drénken war jo laang Zäit en Haaptdeel vun dengem Beruffsliewen. Mee och an dengem Privatliewen si si net ze kuerz komm. Du hues gäre gefeiert, op zu Dikrich, zu Watermal, zu Euskirchen, Köln oder soss. Du hues dech wuelgefillt mat Frënn ëm dech.

 An der Zäit zu Veianen am Chalet vun der SEBES hues du mat ville Frënn däi Gebuertsdag gefeiert: Mir hunn déi Owenter beim Lagerfeier zesumme verbruecht, gedanzt a gejodelt, gutt giess an op “Kommando” un der Kümmerlings-Pyramid gebastelt.

 Bei dir doheem hues du deng Invitéen gäre gutt verwinnt, e.a mat Kallefsbäckelcher. An deng selwergemaachte Likören, virun allem de Limoncello, e Gedicht! Mir hunn oft eis kulinaresch Experienzen ausgetosch. Et ass fir mech och eng schéin Erënnerung, dass mir dat letzt Chrëschtfest en Dag bei mir zesummen gefeiert hunn an dass mäi Menü dir gutt geschmaacht huet.

 Eis letzt Zesummesinn war eng Woch virun dengem Doud zu Köln wou mir eis, mat anere Frënn vum Caecilieverein, "Divertissementchen" vum Kölner Männergesang ugekuckt hunn an duerno mat hinnen e puer flott Stonne verbruecht hunn bis spéit an d’Nuecht (oder besser fréi an de Muergen)!

 Et waren zwee Deeg wou mir eis gutt amuséiert hunn, vill gelaacht hunn an och munch Kölsch eliminéiert hunn. Et war dir eng grouss Freed , ausgeloosse mam Ralf an Uwe an den anere Kölner Frënn Fuesend ze feieren. Och bei hinnen hues du e grousst Lach hannerlooss.

 Du waars ebe fir vill Leit e gudde Frënd! Fir mech waars du einfach mäi beschte Frënd! Merci duerfir!

 Ech vermëssen dech!

 Jean Nico